Salut, an häerzlech Wëllkomm op eiser Homepage. Zanter 1896 gëtt et hei zu Kayl e Kierchechouer, well wat wäer eng Mass ouni Uergel a Gesang.
De Männerchouer Chorale Ste Cécile huet ab 1973 Chorale St. Pie X geheescht. Zanter 1985 ass eis Chorale et gemëschte Chouer, an dat vun Ufank un ënnert der Leedung vun eisem Dirigent, dem Jean-Claude Thilges.
24 Sängerinnen a Sänger suergen bei de Massen, bei den Hochzäiten a bei Begriefnisser fir e schéinen, musikaleschen Encadrement.
Héichklasseg Concerten, déi de Sängerinnen a Sänger, a speziell dem Dirigent, vill Kënnen, Disziplin a Leeschtung ofverlaangen, hunn der Chorale schon "Standing Ovations" abruecht. E klenge Reportage iwwer eise grousse Concert vum Februar 2017 fannt Dir an der Galerie.
D' Chorale St. Pie X Kayl méscht sech eng Freed an Éier doraus, parat ze sinn, wann hiere Gesang gefrot ass. An dësem Sënn: ad multos annos.
President: Michel Heuertz
Vizepresident: Claude Brebsom
Sekretärin: Maryse Thilges-Bantz
Caissière: Gaby Marx-Gillen
Memberen: Fernand Schumann
Léon Weber
Aumonier: Père Mum de la Croix
Éirepresidentin
(net Member): Loly Harpes
Éierepresident
(net Member): Paul Kerschen
Eisen Här Paschtouer an Aumonier Père Mum de la Croix : "Du profond de mon cœur, je remercie les membres de la Chorale St. Pie X Kayl. Toujours présents avec beaucoup de ferveur et de dévouement, ils prient en fait deux fois: par le texte et par le chant des mélodies."