Wat mär de Moment prouwen:
Mär prouwen all Mëttwochs em 19.30 Auer an der Kayler Porkierch. No eisem Ausflug op Dinant, wou mir den 23. September eng véierstëmmeg an der Abbaye Notre Dame de Leffe gesongen haten (kleng Reportage an der Galerie), steet elo eng feierlech Mass fir d'Cäciliendag, den 24. November um Programm. Dobäi kënnt och nach en Optrëtt den 19. November bei der akadémescher Festsëtzung fir 50 Joer Amitié Française du Val de Kayl am Kayler Veräinshaus. Hei d'Wierker un deenen eisen Dirigent Jean-Claude Thilges mat der Chorale schafft:
Fir 50 Joer Amitié Française
du Val de Kayl:
Vive les Amitiés Françaises
Melodie: Fernand Houblie
Text: Camille Thomé
Mäi schéint Kayldall
Text/Melodie: Jos Dittgen
Un banc, un arbre, une rue
(Eurovisioun 1971, Monaco)
Yves Dessca
Jean-Pierre Bourtayre
Douce France
Ch. Trenet
Fir d'Cäciliendag:
I'm dreaming of home
Hymne des Fraternisés
Philippe Rombi
Arr: John Glenesk
Mortimer
Chante pour Dieu
Bernard Ducarroz
Francis Volery
I, the Lord of Sea and Sky
D. Schutte
Arr.: Jean-Claude Thilges
Dobäi komme Wierker aus der
Messe no. 6 in G
aux cathédrales
Charles Gounod (1818-1893)
De genee Programm vun all eise feierleche Massen kritt Dir hei op der Homepage vun der Chorale St. Pie X matgedeelt. Kommt roueg bis era kucken a lauschteren, wann eise Chouer um prouwen ass.
Jiddfereen ass häerzlech wëllkomm!