Ee vun eise Organisten, de Sidney Scho vu Rëmeleng, huet
en 27. Dezember 2017 en Uergelconcert an der Häerz-Jesu-Kierch
Lëtzebuerg offréiert, deen d'Leit, déi lauschtere koumen, begeeschtert hat. De Sidney huet eréicht 15 Joer an kann schon
e puer Mentiounen, dorënner eng vun
2017 mat "très bien" firweisen. Säin Talent gëtt gefördert vum Professer M. Laurent Felten.
Um Programm stongen:
- La Transfiguration vum Dom Pol Benoît;
- Präludium in C BWV 553 vum Johann Sebastian Bach;
- Tuba Tune in D major, Op. 15 C.S. vum Lang
- Toccata in D BWV 565 vum Johann Sebastian Bach
an dono eng exellent Improvisatioun mat dem Titel: "Mater Misericordiae"
Den Entrée war fräi, mee d'Leit hunn e klenge Don gemaach! Et koumen ronn 600 Euro eran! Domadden wäerte Schlofsäck fir Obachloser kaaf ginn.