Chorale St. Pie X Kayl on Tour

Fir eis aktiv Memberen gouf en Ausflug op Dinant (Belge) organiséiert. Do hu mir d'Abbaye Notre-Dame de Leffe besicht, d'Haus vum Ordre des chanoines réguliers de Prémontré, aus dem och de Père Mum de la Croix kënnt

Bei der Geleegenheet hu mir och eng feierlech véierstëmmeg Mass gesongen mat Lidder op Franséisch, Englesch, Latäin an als Ofschloss och eis "Léiffrächen". De Père Mum huet d'Mass um Altoer mat konzelebréiert!

D'Abtei vu Leffe ass och berühmt fir hiere legendäre Béier. Dowéinst gouf eis no der Mass e gudde Patt Béier vun dën Uerdensbridder servéiert. E puer Impressiounen vun der gelongener Dégustatioun:

 

Den Abt am Gespréich mat eisem Comitésmember Fernand Schumann, deen sech de Pättchen gutt schmaache léist.

En Deel vun eisen Dammen am Chouer: Gaby Marx, Léonie Leardini, eis Sekretärin Maryse Thilges-Bantz, d'Julie an d'Caroline Thilges.

Vir am Bild d'Denise Toussaint bei eisem President Michel Heuertz a senger Fra Sonja.

Eisen Organist Daniel Lang bréngt et op de Punkt: "En Héich op eis gelonge Mass, op d'Abtei vu Leffe an op eis Chorale!"

Lénks eis Éirepresidentin Lol Harpes-Kerschen mat hirer Duechter Maryse. Denierft genéisst eisen Dirigent Jean-Claude Thilges zesumme mam Guy Marx vun Téiteng de Klouschter-Patt. De Guy an seng Fra, d'Alida, hunn eis Chorale am Tenor an am Sopran ënnerstëtzt!

Amplaz vum Béier genéissen huet de Père Mum sëch als Photograph angagéiert! Well hien hat owes nach eng Mass zu Rëmeleng ze halen.

Déi zwou Dammen, d'Catherine Meyers (Mëtt) an d'Josée Schumann waren als Gaascht mat op Dinant. Den Emile Kleinbauer huet eiser Chorale als Sänger gehollef am Tenor!

 

Chorale St. Pie X Kayl in Concert

Vollt Haus a "Standing Ovation"

No méintelaange Prouwen huet eise Chouer den 12. Februar 2017 en héichklassege "Concert Spirituel" an der Kayler Kierch présentéiert.

 

De Gesang, deen vum Jean-Claude Thilges ageprouft gi war, ass begleet ginn vum Jugend-Chamber-Orchester aus dem Escher Conservatoire.

D'Intro op der Uergel ass vum Valérie Knabe gespillt ginn. De Concert selwer stong ënnert der kompetenter Leedung vum Jean Halsdorf. Solisten woren Simone Martiny a Gaëlle Vien als Soprano an de Guy Conter op der Trompett.

Um Programm stonge Wierker vum A. Vivaldi, F. Mendelssohn, W.A. Mozart, A. Corelli, d'Œuvres vum G. Pierné, G.F. Händel, H. Purcell an A.V. Volckmar.

D'Kierch war gerammelt voll, Still hu misse bäigesaat ginn, keen ass entäuscht ginn. D'Leit ware begeeschtert vun deem méi wéi gelongene Concert.

D'Sängerinnen an d'Sänger sinn immens belount ginn, net nëmmen mat freneteschem Klappen, mee esouguer mat enger spontaner "Standing Ovation"!