Maach mat!


Där hutt Loscht ze sangen? An och e Faibel fir sakrale Gesang? Da kënnt Där roueg bei eis matmaachen. Op nach méi jonk oder schonn e besi méi al: den Alter spillt keng Roll. Där braucht och keng Erfarung am Sangen. Är Stëmm gëtt an eisem Chouer obgebaut, a schonn no der éischter Prouf kënnt Där Samschtes Owes an der Mass mat sangen.

 

Sopran - Alt - Bass - Tenor

Mir hunn véier Stëmmlagen. Zwou fir Dammen, an zwar den Sopran an den Alt, an zwou fir Hären, de Bass an den Tenor. Eise Chouer sëngt e reliéisen a kulturellen Repertoire mat Lidder a Wierker aus 5 Joerhonnerten fir Massen ze begleeden oder fir reliéis lokal-national Manifestatiounen.

 

 

En Deel vun eiser Equipe fir Allerhellgen um Kierfecht

 

Eis Prouwen

Eis Prouwe sinn ëmmer Mëttwochs em 19.30 Auer zu Kayl an der Porkierch. Si daueren bis 21.00 Auer. Mär sangen all Samschtes em 18.00 Auer d'Mass. Schonn no der éischter Prouf kënnt och Dir an der Samschtesmass matsangen.

 

 

Véierstëmmeg Concerten

Heiansdo sëngt eise Chouer och e véierstëmmege Concert, wat ëmmer eng besonnesch Erausfuerderung duerstellt. Eng kleng Reportage vun eisem leschte Concert fand Dir an der Galerie. Mee Där braucht keng Angscht ze hunn, fir bei eis mat ze maachen. Wann Där Freed hutt um Sangen, da gidd Där ënner der Leedung vun eisem Dirigent, wéi mir alleguer, gutt gefouert.

 

Eemol am Joer, op d'Cäciliendag gi mär allguerten zesummen iessen. Heiansdo gëtt och e Veräinsausflug organiséiert. Wéinst all deenen Aktivitéiten zéckt net, wann Dir Loscht kritt hutt, Iech bei eis ze mellen.

 

Kommt an eis Prouwen einfach lauschteren: Mëttwochs ëm 19.30 Auer an der Porkierch zu Kayl.